AWW2 – Fairtrade Week

Bei eiser 1. „FAIRTRADE & Sustainable Entrepreneurial School“ Woch sinn eis Schüler op engem ofwiesslungsräiche Rallye mat 12 Statioune villes iwwert de Schockela an de fairen Handel gewuer ginn.

Um 2. an um 4. Dag stoung vill um Programm, wéi z.B.: Workshoppe vum “SNJ” a “Faires Saarland”, d’XXL Gänsespill vu FAIRTRADE Lëtzebuerg; et ass mat fairgehandelte Produkter gekacht ginn, an d’Schockelasproduktioun vum Tricentenaire ass ënnert d’Lupp geholl ginn. Des weidere si mir de Pop-up Store vun der ONG „Friendship“ besiche gaangen an de „comité des fêtes“ huet Spiller a Karaoke an der Mëttesstonn organiséiert a FAIRTRADE Jus a Popcorn verkaf.

Um 3. Dag ware vill verschidde Visitten geplangt.

Um 5. a leschten Dag vun eiser Woch stoung e grousst „Fairtrade Breakfast“ um Menü. All Member vun eiser Schoul konnt sech un eisem Buffet zervéieren.

Comments are closed.
// //