Sustainable Entrepreneurial Schools
De Projet vun den Sustainable Entrepreneurial Schools ass eng Initiativ vun dem Service de la Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) an Zesummenaarbecht mat der Direction générale des Classes Moyennes. Dës Plattform bréngt Lycéeën, déi sech am Sustainable Entrepreneurial Competence-Programm engagéieren mat externe Partner aus der Wirtschaft zesummen. Se dokumentéiert de Schoulen hir Projeten a Fortschrett am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship a bitt de Projets-Partner Plaz fir mat hiren Aktivitéite wéi Workshops, Mini-Stagen, Virträg, Concoursen, Visitten an Challengen, déi Sustainable Entrepreneurial Competence bei Schülerinnen aus dem Enseignement Secondaire ze fërderen.
www.entrepreneurship.lu