Schüler-Aktivitéiten vum 1. Semester 2021

Walen vum Schülercomité

Mat Hëllef vun der CNEL hu mir mat eise Kandidaten d’Walcampagne präparéiert. Vun all Kandidat ass e Walplakater gemaach ginn, wou eng Foto vun him a säi Walslogan drop komm ass. D’Membere vum Pé hunn d’Schülerwalen organiséiert, wou all Schüler aus der EIMAB drun deelgeholl huet. Wéi de Comité bis zesummegestallt war, ass symbolesch beim éischte Treffen e Bam geplanzt ginn. Reegelméisseg setzt sech de Schülercomité zesummen, dee vun engem Member aus dem Pé gecoacht gëtt.

Kleeschen

De 6. Dezember ass de Kleesche fir d’éischte Kéier an d’EIMAB komm. All eis brav, a och manner brav Schüler, si mat hire Klasse beim Kleeschen a bei Houseker passéiert. Nodeems eis Schüler dem Kleeschen e schéint Lidd gesonge hunn, kruten si gudde Boxemännchen.

Comments are closed.
// //