Europadag Rallye

7. Mee 2021

Säit kuerzem ass den 9. Mee zu Lëtzebuerg een offizielle Feierdag. Mam Europadag
feiere mir all Joers, datt mer an Europa a Fridde liewe kennen, erméiglecht duerch
dem Robert Schumann seng Deklaratioun vum 9. Mee zu Paräis.

Och zu Miersch hu mir dësen Dag zesumme mat eiser Schoulgemeinschaft gefeiert.
Freides hu sech all d’Klassen am Mierscher Gemenge Park getraff fir bei engem
Europa Rallye matzemaachen. De Wee ass ronderëm de Séi gaangen, duerch d’Natur
an d’SchülerInnen hu verschidden Aufgaben a Quizzer geléist. Nei war den Asaz vun
enger App, déi et erméiglecht d’Schoul iPaden dobaussen ze benotzen. Zum
Schluss vum Dag hunn d’Gewënner vum Rallye sech iwwert d’Präisser fir d’ganz Klass
gefreet.

Comments are closed.
// //