“Miersch am Hierscht – à la découverte de Mersch”

Miersch am Hierscht

8. Oktober 2021

Am Ufank vun dësem Schouljoer war et eis wichteg de Kontakt tëscht den „Alen” an “Néien” Enseignantë ze stäerken. Mat enger flotter Teambuilding  Aktivitéit “Miersch am Hierscht – À la découverte de Mersch” huet d’Pé Ekipp den Enseignantë zwee Tier, een zu Fouss an ee mam Vëlo, duerch Miersch proposéiert. De Bernard Bram an d’Carole Ney hunn déi néideg Explikatiounen zu de Mierscher Sehenswierdegkeete ginn. Nom Tour konnte mir bei schéinstem Hierschtwieder den Nomëtte bei engem gudde Pättche Fiederwäissen an enger Rieslingspaschtéit am Mierscher Park gemittlech ausklénge loossen. 

Comments are closed.
// //